Schonn d'Foto maache war e Genoss.
Si frou wann di aussergewéinlech Stëmmung och sou eriwwerkënnt! Villmools Merci!
"Niwwel am Himmel" wier jo och e flotten Titel, mir wollt näischt Gescheites afalen!
Merci Maimonides.
Ech si frou vir all Kommentar mä besonnesch vir all positiven Denkustouss!
Iwwerleeung zum "Kitsch":
Kann d'Natur Kitsch produzéieren oder ass et de Mënsch deen Kitsch draus mecht?
Aus dem Grond sinn ech extrem viirsichteg wann ech Fotoe wéi di do verschaffen, e bëssen ze vill PS a schonn hänkt een.
Bei deenen zwou Fotoen hei hunn ech selektiv d'Kontraster ajustéiert, vun de Faarwen hunn ech d'Fangere gelooss.
Och HDR-Fotoe fannen ech dofir oft geféierlech no beim "Kitsch".
"Kitsch" hat ech tëschent "..." geschriwwen, jorsch,
an do virdrun stoung: "Ganz ganz schéin...".
Du hues hei op dënnem Äis gedanzt,
agebrach ass deng Foto awer net.
Am Géigendeel.
An duerfir ass se
esou interessant.
Ech hat däi Kommentar richteg interpretéiert, maach der keng Suergen! Ech hat iwwerhaapt kee schlecht Gefill!
Wat ass scho Kitsch a wat nach net ass eng Fro déi ech mir bei der Fotografie oft stellen, och wann ech Biller vun anere Landschaftsfotografe kucken.
Däi Verglach mat dem dënnen Äis fannen ech ganz flott!
Merci fir däi Kommentar!
Su wäit ech mech erënnere kann huet d'Stëmmung mat dem Opgoen vun der Sonn op ee Coup geännert. Ech mengen net, datt den automatesche Wäisausgläich vun der Camera hei vill matgespillt huet!
Et war esou.