Kommentar vum Fotograf:
Ech haat des photo zsm mat kollegen fir den next generation concours gemeet deen d'uni.lu organiséirt hat. et goung drem sech och ennert aanerem kritisch mat der aktueller entwecklung vun onserer Gesellschaft ze beschaeftegen. mir haaten demols als 2. an der catégorie photo ofgeschloss.
des photo louch mir besonneg um haerzen, an ech sin elo beim "raumen" rem driwer gestouss an hun fond, dass een se ierch net kann virenthaalen.
et ass eng uprangerung vun aktuellen politischen entwecklungen wéi se an der ganzer welt geschéien... och wann momentan eng gréng well en bessen europa erobert. et dierf awer net vergiess gin, dass bis haut hin rechtsextrem parteien och an europäischen laenner déi sech démokratien nennen nach emmer présent sin an emmer méi brisant an nennswert präsenzen an den nationalen parlamenter vun der europäischer unioun hun. brauch een net weit sichen ze goen, dem "vlaams belang" an der belge ass een vun den beschten beispiller.
eng nei generatioun vun gehiirgewaeschten leit trett lues mais secher rem op, get esouzesoen erugezücht. wiert ierch géint déi klengkarréirt mentalitéit an loss rietsextremismus an dem geféierlechen gedanken"gut" vun intoleranz an onbegrennten hass keng chance.