Also absolut Top fir mech sinn d'Faarwen (Hoerfaarw vum Model. daat Bloot vum Kleed, daat gro-beigt vun der Emgéijend).
Super fannen ech och d'Idi, fir de Kapp vum Model an eng Zort "Hellegeschäin" ze stellen, duerch déi Skulptur hannendrun.
D'Aaen vum Model fannen ech och ganz interessant; beim Mond (deen jo liicht op ass) sin ech onentscheed. Vläicht wir e besser ganz zougewiëcht.
Nët esou gut fannen ech, dass just d'Gesiicht schaarf ass. Ech hätt versicht matt enger aanerer Blend op d'mannst de Bustier matt scharf ze kréien, quitte dass d'Hänn weiederhinn onscharf bliwwe wären...mä daat ass vläicht och AdG...
Merci Cypress fir den ausféierlechen Kommentar, soueppes freet mech emmer ze liesen!
Stemmt mat der Schärft, dei as wierklech minimalistich ausgefall an lait ënnen just op den Ielebéi (wou een se net rëm fënnt!)
ech wollt se awer gezielt NET um Decolleté hunn, well ech des Perspektiv meeschtens, grad wéinst dem déiwen Abléck, net ideal fannen...
Ëmmerhin sollt et een Portrait ginn an et soll kloer sinn WOU een do hikucken soll...
Kuken mol op ech net nach eng liicht aner Versioun op mengem HD fannen.....(och fir den Mond)
Eng gudd Foto, wous du Location durch den Bildopbau gudd eng flott Symetrie kritt.
D'Hoer kommen durch den dezenten Hannergrond an och dei dezent Farwen vun der Kleedung gudd zur Geltung. Gefällt mer.
huch näh...dofir hun ech jo den f1.4 - mam Focus um Gesiicht...
fir main Gout keint se awer NACH MEI onscharf sinn...mee dann muss een 1000ö an den Objektiv stiechen....an dei hun ech nach net....