natiirlech sinf déng fotoen net schlecht, an déi aner hun alleguer och net gelunn. mee fir de fall dass dech d'fotografie intresséiert, an dass de well eppes bäiléieren, gin ech der gäer e puer handgrëffer
kuck déi zweet an déi lescht foto. mech stéiert do dass de däi sujet, also d'kim an "dat anert"-pardon- einfach an d'mëtt plazéiert hues. et kann een zesummefaassen dass een hannert engem séngem réck amfong just e besse fräiraum léisst, an dann ofschneid. dat huet zwee virdeeler: éischtens as hannert engem séngem réck meeschtens näischt intressantes, an zweetens huet een net gefill dass een aus dem bild fällt. also wann de bléck z.b. no lénks geet, dann as et méi angenehm fir d'Aa wann do och méi platz as.
ech hun déng gallerie e bessen duerchstöbert, a bei verschiddene fotoe mess de dat ganz gudd, a bei aneren eben net ganz gudd.
bei dénger spann z.b. as et ähnlech: do wier et flott gewiecht an d'bléckrichtung vun der spann méi Raum ze hun, mee awer z.b. och no uewen hin. dat wierkt net esou wéi an engem käfeg.
wann een eppes einfach an d'mëtt setzt, dat as meeschtens e bessen ze einfach, mee et wierkt och manner dynamesch. dat huet domat ze din dass eis Aa'n an eist gehier sache méi inressant fannen déi form hun. kuck der engkéier dem BlackPanther séng fotoen un. deen huet zwar eng komech coiffure, mee bei him léiert ee ganz gudd wat bildopbäu heescht! mee do léiert een dat gudd. do gesäis de wéis de ganz einfach sache kanns knipsen dass se trotzdem intressant wierken. de Maimonides as och esou ee fall. do kann sech jiddereen eng scheiw ofschneiden.
oha dat as awe vil ze mieken awer mercie das du mer esou vil tiper gin hues ,ech kuken bei denen 2 aneren .
ech probeieren et esou ze machen wei du mer et gesot hues.
an mercie dat du esou vil geschriwwen hues