Super Opnaamen, ganz flott gewiesen, erstaunlech Resultat bei dem Liicht mat DER Cam, ech haat elo bal gesot dat op DER Plaaz do nach Wonner geschéien, nee nee et ass savoir-faire
Deemols DÉI Cam niewent hirer grousser Schwëster D200 keng schlecht Wiel. Och wann se, wéi's du ganz richteg sees, bei schwacher Luucht oder héiche Kontraster gäre Männercher gemaach huet.
Du hues recht, ech hätt se kënnen an de Niveau setzen. Mais vu datt jo awer nach ee fette Stitchfeeler dran ass, kann een den Niveau och e bësse no riets "lappe" loossen.
Deemols hat ech nach ee Programm, mat deem ech Fisheye-Fotoen automatesch zu engem 360° Panorama stitche konnt. Dee geet haut net méi an dofir kann ech dat elo sou net méi maachen, et sief dann, ech géing ee Stitcher fannen, deen net ze vill komplizéiert ze bedingen ass.