Déi gefällt mer ganz gudd, och vun der Bildkompositioun hier. Déi kleng Detailler wéi den Holzstapel gin dem Bild den Reiz, well et net 'nëmmen' Himmel ass. Och vun der Beliichtung hier gefält et mer, well naischt komplett ausgefriess gin ass, wat oft bei Langzaitbeliichtungen ze gesinn ass, an kaum ze vermeiden, wann Lichtquellen do sinn.
Fannen déi richteg gutt! Hu mir och e Walimex 14mm 2.8 dofir zougeluecht. Eppes richteg Brauchbares ass bei mir nach net dobäi erauskomm. déng gefale mir awer. Si gespaant, wat do nach dobäi erauskënnt.
dat Walimex ass séng Suen wäert, just schued dass et komplett manuell ass, mä do winnt en sich séier dran an fréier waren mir och nitt mat Autofocos an Springblende verwinnt
Just schued dass hei um site d'Fotoen all un Schärft verléiren