Schéi Luucht, awer fir mäi Goût ass déi ausgbrannte Sonn lénks ze dominant. Ech weess nit, ob een do vläicht besser gehat hätt, e bësse lémks wech ze loossen an deen Daach do ze cropen, sou datt d'Foto beim Bam ugefaang hätt. Mais bon, dat ass wéi gesot, affaire de goût.
D'Stëmmung hei am Bild gefällt mir ganz gutt, déi ausgebrannte Platz am Himmel wou de Nico schon ugeschwat huet ass relativ grouss, normalerweis ass domadder ee Bild ruinéiert, vu dat ee wees dat et sech em d'Sonn handelt fannen ech dat net dramatesch a stéiert mech och elo net.
Eng schéin Foto, d'Faarwen an den Motiv gefalen mir ganz gut! D'Sonn hätt een kéinten menger Meenung no nach bëssen méi verstehen, evtl. mat enger Filterkorrektur, an d'Wiss am Fiergrond as bëssi vill ofgeschnidden. Do hätt ech perséinlech dann manner Himmel opgeholl.
Fir ennen méi Wis ze weisen war net dran well do ass e Feldwee deen ech irgendwéi net ordentlech an d'Bild agebonnen kritt hätt.
D'Iddi fir d'Sonn mat engem Filter nach méi ze zersteehen ass awer nawell gudd. Denken dass een vun den NIK Filteren daat misst färdeg brengen. Probéieren mol.