Prinzipiell sin ech nawell kënneg do an deem Haff zu Riermerschen, awer di Plaz do, wou zwou Brécken sou no hannert enee sin, seet mir elo direkt näischt. Sin déi nei. oder hun ech nach nit all Eck do fonnt?
Ah jo! Déng Foto gefällt mir ganz gutt a motivéiert méch, geschwënn neess eemol mam décken Tele dorower ze kommen. Wier dach endléch mol eng Kéier gutt Wieder, wann ech och fräi sin...!
Ech mengen net dass déi nei sin Nico. Kuck mol riets am Bild, do erkenns de de Biodiversum hannert dem Gestrepp, et ass also net wäit wech vum Tour deen do fort geet wanns de géigen den Uhrzeigersënn gees.
Lo wou's du et sees! Mais sou, wéi s du di Plaz hei fotogrféiert hues, kennen ech se nit, resp. hun ech se nach ni an Uercht geholl, wann ech do gaange sin. Scho veréckt, wéi sou Ausschnëtter op enger Foto ee kënnen iirféieren.