Flotte BildopbauDéi Diagonal vun der Wollék lénks iwwert de Saam vun der Heck bei de Stomp vum Bam an dann dem Bam séng Äntwert drop durch di Kroun, déi no lénks nach ausgebilt ass an no rechts just eng imaginär Diagonal vum ieweschten Ascht a Richtung Eck vum Bild geet. An dann ass am rechtsen Drëttel vum Bild d'Zwee repetitivan den Äscht as et mol eng kleng Gafel mat zwee Enner, do drënner zwee Stëmp an dann um Buedem zwee Potoen an der Perch.
Dann ass do nach d'Trichromie, schwarz, groblo an orange, déi eng super Stëmmung rabréngt.
Deng Interpretatiounen vun de Fotoen hei sin net ze iwertreffen. Nodeems een se gelies huet gesäit een heiansdo Saachen déi een selwer virdrun net gemierkt huet. Merci Nico.
Gutt Fotografe, wéi s du ee bass, maachen sou Fotoen automatesch, well se et drop hun. An dann duerno gesin se réischt, datt se alles richteg gemaach hun. Dat nennt een dann l oeil photographique oder dee richtege Reflex.
Mais du weess jo selwer, datt dat nit ëmmer jiderengem geléngt: Wéi dacks hues du mir schon d Remarque gemaach: « Du kanns dat besser, Nico! » Et ben, vun do u passen ech ëmmer genee op, wéi ech cadréieren. An dowéinst faale mir da bei ménge Photogen-Frënn sou Saachen eben op!
(Also irgendw?i nerft dat, wann een kee Kommentar kann op engem iPad schreiwen, well deen d Sonnerzeechen nit richteg setzt mais dee bl?de Code amplaz schreift)