Ohne Worte! An dat alles, fir e puer Touristen dohinner ze lackelen...
Mais wann dat nit gewiescht wier, dann hätte mir keng sou schéi Fotoe vun do ze gesi kritt. Iergendwéi ass dat "schaurig schön", wéi se op däitsch soen.
Wéini wars du dann do lo sou no bäi komm? Ech huele jo nit un, datts du déch vum Vier-Quellen-Weg erof geseelt hues.
Mat "schaurig schön" trëffs d'et op de Punkt, ...zumindest wat meng Vue vun dësem Sujet ugeet, an dat huet sech nach méi gesteigert nodeems du mech virun enger Zäitchen op de Michael Goldgruber opmierksam gemach hues, an ech en änleche Genre vu senge Biller gesinn hun.
Hei war et relativ fréi am Moien, an hu mech kuerzerhand Aarbechter ugeschloss déi vum Parking aus nieft dem Kiosk era gangen sin, nach éier deen opgemach huet, an déi hu sech null em mech gekemmert.
Oh mei, wat e Schock! Du hues mech ugelackelt matt enger flotter Landschaft. De Thumbnail war zwar schonns liicht suspekt, obgrond vun de Strukturen am Virdergrond, mee das böse Erwachen koum ereischt nom Drop-Klicken.
Tjo, ..a sech passt den Zoustand met esou richteg zum Image vun der Schwäiz als sougenannte 'Sauberland', mäi bon...!!
Wéi awer schon emol erwähnt, aus fotografescher Siicht ee klengen Eldorado.
Merci villmools g3ckko fir däi Kommentar, a mech freet et dat d'Bild dech usprécht.