Den 19. September 2005 um 20.05h war et esou wäit: www.photogen.lu ass als éischt lëtzebuerger Fotocommunity online gaangen.
Dat sinn elo genee 5 Joer hier, a säit deem ass vill geschitt.
Mir wëlle mat Iech all zesummen dëse besonneschen Dag feieren. Treffen ass den 18. September 2010 ab 14.00h zu Jonglënster am Centre Culturel an eisem fonkelneien Clubsall (ënnert dem Dag)
fir Iessen an Gedrénks, Workshops, en Contest mat Praisser an villes méi ass gesuergt an et giff eis freeën wann s och du derbäi wiers!
Salut Oli,
Wier ganz gär dobai gewiescht, gët bestëmmt flott, sin deen Dag leider nët am Ländchen
Vill Spaass awer an bis soss eng Kéier, vlaicht um 1. Meeting am Oktober am neie Sall dann?
Ciao
Alex